arrow_back_ios
Kultur
"Loss of Innocence" made in USA an nei kontextualiséiert
“Make America Great Again” ass e Slogan, deen eppes zelebréiert wat eigentlech net méi méiglech ass. Ee jonke Kontinent voller Potential, wou d’Grenz nach onendlech wäit weidergedriwwe ka ginn, an dowéinst de facto net existéiert. Wou ee just äerdeg genuch muss sinn, a schonn ass ee Millionär. Déi onbegrenzt Méiglechkeeten hunn och am klassesche Western mat geklongen. Net esou am Neo-Western, deen elo am Juni-Juli an der Cinemathéik zu Éiere kënnt.