arrow_back_ios
Kultur
E grousst Kinosfest, fir dat kuerzt Format ze feieren
Déi bescht Kuerzfilmer vun der ganzer Welt aus deene leschte Méint: dat kritt den interesséierte Publikum bei den “Nuits en Or” versprach. D’Frënn a Frëndinne vum kuerze Format sollten d’Geleeënheet net luppe loossen. Sou dacks bitt se sech jo net. Hei kann een elo zweemol sechs cinéphil Stonnen an der Cinemathéik verbréngen.