arrow_back_ios
Kultur
Hommage un den Jonathan Demme (1944-2017)
Enn Abrëll ass den Jonathan Demme gestuerwen. Zu deem Ulass proposéiert d’Cinémathéik elo eng Retrospektive-Hommage un de Cineast vun “The Silence of the Lambs”. Dobäi stellt sech eraus, datt se déi Cinéphil virun ee klengen Defi stellt: erauszefannen, wat dann elo dem Demme säi Wierk wierklech charakteriséiert. Wat mécht aus him e Film-Auteur?