“An der Gesetzgebung fir gläichgeschlechtlech Koppelen zu Lëtzebuerg sinn déi meescht Saachen erreecht”, esou d’Enrica Pianaro vum Berodungszenter Cigale asbl. fir Lesben a Schwuler. E Problem wär awer nach d’”Procréation médicalement assistée” wou bei lesbesche Koppelen, déi net-biologesch Mamm aktuell net unerkannt gëtt. Eng aner Revendicatioun ass d’Leihmutterschaft.
Fir d’Akzeptanz vu Lesben, Schwulen an Transgender-Persounen an der Gesellschaft ze stäerken, misst an der Schoul ugesat ginn. Net just mat gezielten Atelieren, mee transversal am Curriculum vun all Fach missten LGTB-Persoune méi Visibilitéit kréien. Duerch d'Gespréich féiert d'Mick Entringer.