arrow_back_ios
Blue Note
D'Bridder Belmondo - Eng musikalesch Symbios
Säit méi wei 20 Joer sinn de Saxophonist Lionel an den Trompettiste Stéphane Belmondo fest Gréissten op der franséischer Jazz Zeen. Nodeems d'Bridder aus dem Var sech ugaangs den 1990er Joren mat hirem Powerquintet etabléiere konnten, hu si am Laf vun hirer Carrière gekonnt genre-iwwergräifend Projeten exploréiert a wäit iwwert d'franséisch Grenzen eraus d'musikalesch Landschaft beräichert. En Abléck an dës musikalesch Symbios gëtt vum Stefano Agostini virgestallt.