Kultur
Nazien am Palace Hotel zu Munneref
Tëscht Mee a September 1945 goufen ënnert dem Codenumm "Camp Ashcan" däitsch Nazien am Palace Hotel zu Munneref vun der amerikanescher Arméi festgehalen a verhéiert. Et war quasi Virbereedung vum Nürnberger Prozess géint Haaptkrichsverbriecher. Am Théâtre National gëtt vu muerr un (18.5.) d'Theaterstéck "Codename Ashcan" an enger Mise en scène vum Anne Simon gewisen, wou déi puer Méint zu Munneref thematiséiert ginn. Eng aussergewéinlech Situatioun och fir d'Schauspillequipe, déi sech eng ganz Prouf laang mat engem Psychiater iwwert d'Naziprisonnéier diskutéiert hunn. Detailer mam Jean Claude Majerus.