Konferenzen
Russland verstehen
Wéi steet et ëm déi politesch Kultur vun engem Land, an deem de Begrëff "Russlandversteher“ zu Stigmatisatioun an Exklusioun féiert? Muss een net fir d’éischt eppes verstoen, ier een et beuerteele kann? D'Gabriele Krone-Schmalz* gëtt eng Orientéierungshëllef fir all déi, deenen dat aktuellt Russland-Bild ze eesäiteg ass.
Anti-Russesch Viruerteeler hunn eng laang Traditioun an Däitschland, déi an zwee Weltkricher zementéiert goufen. An der Ukrain-Kris konnt hir Efficacitéit observéiert ginn. Tatsächlech ass awer net nëmmen d'Relatioun tësche Russland, dem Westen an der Ukrain méi komplex, wéi dat de Medien-Mainstream suggeréiert, mä och d'Geschicht vu Russland zënter dem Enn vum Kale Krich.
Demokratie a Mënscherechter verbreeden - wie wëll dat net? Et kann een iwwer den Tempo an iwwert d'Methode streiden an et kann ee sech froen, wat fir Intressen de Westen ënnert dem Deckmantel vun enger Mënscherecht-Rhetorik verfollegt.
An Hirem Virtrag hannerfreet d’Russland-Expertin Krone-Schmalz, déi westlech Politik an d’Medien, weider versicht Si Denkustéiss a méi Richtungen ze ginn, déi et dem Publikum erlabe sollen, säin eegent Uerteel ze bilden. Uschléissend héiere mir dann nach ee Gespréich mat Hir, moderéiert vum Redakter a Journalist Christoph Langenbrinck.
* D’Gabriele Krone-Schmalz ass promovéiert Historikerin, fräi Journalistin a Publizistin. Vun 1987 bis 91 war Si Moskau-Korrespondentin bei der ARD an hat duerno bis 97 den ARD-Kulturweltspiegel moderéiert. Si ass Professesch fir TV und Journalistik op der Hochschule Iserlohn, dernieft ass Si Member vum Lenkungsausschuss vum Pertersburger Dialog.
Enregistréiert den 11. Mee 2017 am Trifolion zu Iechternach, fir den 100,7 verschafft vum Carlo Link.