Radioen

On air

Sot Emol  |  Dominique Santana: Konscht a Geschicht

play_arrow Live
arrow_back_ios

Metal Meltdown

100komma7.lu / Metal Meltdown

/ Dimmu Borgir & Nargaroth

Dimmu Borgir & Nargaroth

1. Release vun der Woch: Dimmu Borgir - Forces Of The Northern Night (9/10)

Sech d’Metal Welt ouni déi norwegesch Legende vun Dimmu Borgir virzestellen ass an der Tëscht quasi onméiglech, och wann et déi lescht Joren - op mannst wat Studio Albumen ugeet, relativ roueg war. No enger Paus vu 7 Joer hunn d’Norweger den 28. Abrëll en neien Album erausbruecht, allerdéngs ”just” e Live Album mat passender DVD. Ënnert dem Titel Forces Of The Northern Night kritt een hei hir Optrëtter vun hirem ausverkafte Concert mam norwegesche Radio Orchester zu Oslo a vun hirem Optrëtt mam National Czech Symphonic Orchestra um Wacken gebueden.

Donieft gëtt et an dëser Release, op mannst op der DVD eng Doku mat Interviewen a Behind- the scenes Videoe vun der gigantescher Bühneproduktioun an Norwegen.

Wat d’CD ugeet, gëtt et leider just Material vum Concert vun Oslo, ma mat all den alen Dimmu Borgir Favoriten ass och dat alleng schonn e richtege Schmaus, net nëmme well d’Lidder souwisou richteg gutt sinn, mä well se duerch d’Orchestréierung e gutt Stéck méi epesch ginn.



All rasend a stiermesch Melodie gi grad esou perfekt ënnermoolt, wéi all himmlesch Atmosphär, déi duerch d’Orchester nach méi wonnerbar gëtt, mam engem Shagrath um Kommando, deen et fäerdeg bréngt, d’Publikum zu all Moment a sengem Bann ze hunn.

Natierlech bleift et bei esuo engem Projet net aus, dass et och mol Momenter gëtt, déi net sou harmonesch kléngen, wéi se eigentlech sollten, 1. Well et einfach extrem vill Museker op der Bühn sinn, 2. Well hei awer verschidde Genre matenee kombinéiert ginn an 3. Well et awer ebe Live ass.. Ma dat ass awer net weider dramatesch, well doduerch de Live Feeling nach méi intensiv gëtt an déi kristallkloer Produktioun an d’Tightness, déi dat ganzt trotz Orchester huet, awer ëmmer nees d’Blutt an den Odere gefréiere loossen a fir Héngerhaut suergen

Wann een also kee vun deene Gléckleche war, deen eng vun dësen zwou Performance materlieft huet, huet ee mat Forces Of The Northern Night déi perfekt Geleeënheet, dës Momenter awer matzeerliewen, oder d’Flemm ze kréien, dass een net dobäi war. Fir déi, déi effektiv dobäi waren, ass et natierlech och rau, dat alles nach emol mat ze erliewen. Sou oder sou ass et e phänomenale Live Album an léisst d’Virfreed op den neien Dimmu Borgir Album wuessen, deen nach dëst Joer soll erauskommen.

2. Release vun der Woch: Nargaroth - Era Of Threnody (9/10)

Vun enger Kult Black Metal Band aus Norwegen am éischte Review komme mer elo bei eng Kult Black Metal Band aus Däitschland. An och déi huet déi lescht puer Joer relativ wéineg op sech opmierksam gemaach, nämlech Nargaroth. Bei der Band ronderëm de René “Ash” Wagner läit de leschte Studio Album 6 Joer zréck, déi nächst Woch en Dënschdeg melle si sech mat Era Of Threnody zréck. A 6Joer ass genuch Zäit fir en Album zesummenzekréien, deen iwwert eng Stonn Musek bidd, dat a Form vun 10 Titelen

Den Album fänkt mat engem éischter atmosphäreschen Deel “Dawn Of Epiphany” un, an deem iwwert dem Mënsch seng Plaz am Liewe philosophéiert gëtt an doriwwer, dass eist Striewen no Perfektioun nëmmen an Enttäuschung endegt.

Weider geet et mat eppes, wat Fans wuel dierft iwwerraschen, wann net esouguer schockéieren - Nargaroth bréngen et um neien Album nämlech fäerdeg, Flamenco ze maachen. Wat op den éischte Moment irritéiert, klappt am Endeffekt awer erstaunlech gutt, virun allem op Stécker wéi “...As Orphans Drifting In A Desert Night” oder och am Titeltrack “Era Of Threnody”.



Wann d’Gesmtmëschung zwar klappt, braucht et trotzdem bësse fir sech drun ze gewinnen, grad esou wéi verschidden Iwwergäng tëscht de rauen, düstere Passagen an de méi relaxen Deeler am Ufank och bëssen ze vill abrupt eriwwerkommen, wéi z. B. am Stéck “Conjunction Underneath The Alpha Wheel”

A sengem Liewe schéngt den Haaptmann vun der Band, de René Wagner, deen eigentlech dat meescht alleng mécht a just heiasdo den een oder anere Partner mat an d’Boot vum Songwriting hëllt, respektiv fir Live Optrëtter Session Museker dobäi huet, vill ënnerwee ze sinn, an alles dat huet en Afloss op seng Musek. Sou och nees op dësem Album, fir deen hien op senger Rees uechter d’Welt ënnert anerem bei d’Graf vun engem verstuerwene Meedchen a Kolumbien gereest ass, wat Nargaroth Fan war. A vläicht ass et grad dowéinst, dass de Sound vu senger Musek esou diversifizéiert ass, sou dass seng Musek gären ofschweifend ass, souwuel wann éischter positiv Momenter eriwwerbruecht ginn, wéi och bei deenen düstere Passagen.

Zu den Highlighte vum Album gehéiere mat Sécherheet och “Love Is A Dog From Hell”, e catchy Song, deen éischter a Richtung Black N Roll geet, dat stampfend “TXFO”, wat Live bestëmmt den Hummer wäert sinn, oder awer “The Agony Of A Dying Phoenix”, en turbulenten Alpdraam, deen ëmmer nees vun ganz groussen epesche Momenter ënnerbrach gëtt, a sou fir Héngerhaut suergen.

Playlist

Metallica - Creeping Death (Live Shit, Binge & Purge; Elektra; 1993)

Satyricon - Phoenix (Live At The Opera; Napalm; 2015)

Dimmu Borgir - Mourning Palace (Forces Of The Northern Night; Nuclear Blast; 2017)

Hate - Walk Through Fire (Tremendum; Napalm; 2017)

Alestorm - Mexico (No Grace But The Sea; Napalm; 2017)

Unleash The Archers - The Matriarch (Apex; Napalm; 2017)

Nargaroth - Whither Goest Thou? (Era Of Threnody; Inter Arma; 2017)

Spoil Engine - Silence Will Fall (Stormsleeper; Arising Empire; 2017)

Kraton - Tyrant (World Eater; Independant; 2013)

Episoden