Kultur
Les Marionettes sauvages
De Marionettefestival zu Todler ass all zwee Joer eng fest Gréisst am Lëtzebuerger Kulturkalenner. D'Marionettentheateroffer gëtt elo erweidert, vun haut (12.5.) bis e Sonndeg gëtt zu Lasauvage deen éischte Festival “Les Marionettes sauvages” vun den Poppespënschen, deem éischten Figurentheater zu Lëtzebuerg, organiséiert. Deemno hunn d'Marionetten a soss Figuren d'Soen an de Säll, den Zelter an de Stroossen zu Lasauvage. 27 Opféierungen an de Säll an eng 56 Opféierungen dobaussen, déi gratis sinn. Méi Informatioune vum Jean-Claude Majerus an op www.marionettes-sauvages.lu.