Kultur
D'Expo "1867. Luxembourg - ville ouverte"
Zënter Woche gëtt doriwwer geschwat, datt d'Kate Middleton den 11. Mee op Lëtzebuerg kënnt. Mä am Fong misst fir d'Lëtzebuerger vill méi wichteg sinn, firwat d'Duchess of Cambridge dës Rees mécht: viru ganz genee 150 Joer, also den 11. Mee 1867, ass den zweete Londoner Vertrag signéiert ginn. Doduerch ass de Grand-Duché net u Frankräich verkaf ginn, déi däitsch Garnisoun gouf ofgezunn, a Lëtzebuerg sollt bei Konflikter an Zukunft neutral bleiwen a gouf fir onofhängeg erkläert. Am Musée Dräi Eechelen um Kierchbierg frëscht eng nei Ausstellung eis Bildung zu dësem Thema op. D'Kerstin Thalau war kucken.