arrow_back_ios
Kultur
De Lëtzebuerg City Museum a seng nei permanent Expo
"The Luxembourg Story", dat ass déi nei Dauerausstellung vum Lëtzebuerg City Museum. Zënter lëschte Weekend invitéiert de fréiere Musée d'Histoire de la Ville de Luxembourg op eng Rees duerch déi méi wéi dausend Joer Stad-Geschicht.
Op véier Stäck an iwwer 2.200 Quadratmeter erwaart de Visiteur eng 500 Objeten, e ganzt neit Konzept, eng ganz nei Zeenographie. Den Andy Eagle mat Detailer.