Radioen

On air

Mëttesrascht  |  The Killers - Mr. Brightside

play_arrow Live
arrow_back_ios

Album vun der Woch

100komma7.lu / Album vun der Woch

/ En Studio - Gianmaria Testa

En Studio - Gianmaria Testa

headphones

8 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

Heiansdo muss ee stierwen, fir opzeliewen, op d'mannst wann ee Kënschtler ass. Et séngt ee jorelaang, joerzéngtelaang iwwer dat, wat ronderëm ee geschitt, et gesäit ee Leit, déi Dierfer, Famill a Buedem verloossen, et gesäit een anerer op der Sich no enger neier Bleif. Mat alle Problemer, déi mat esou Situatioune verbonne sinn, fir déi, déi musse goen, fir d’Kuuscht z’assuréieren, fir déi, déi kommen an déi gär e puer Grimmele matkréien. Den Gianmaria Testa huet vill iwwert si an iwwerhaapt all d'Leit ronderëm sech gesongen, seng Texter a Noute kucken méi wäit wéi d'Nuesespëtzt, blécken hannert d'Kulissen, wou hien einfach Mënsche gesäit, déi liewe wëllen, déi Léift sichen, déi sech freeën, enttäuscht ginn, en neien Ulaf huelen.


Vun der Bunn op d'Bühn


Singer/Songwriter nenne mir dem Gianmaria Testa säi Genre, hie selwer war um Ufank vu senger Karriär doheem manner beuecht, de Prophéit deen et am eegene Land méi schwéier huet, wéi soss entzwousch - op d'mannst bis hie Mëtt den 90er a Frankräich e Label fonnt huet, dee sech senger ugeholl huet, e Concert am Olympia war den Declic ... hien, den Autodidakt, e Bauerejong deen am Haaptberuff Chef de gare war, jo Dir hutt richteg héieren, den Gianmaria Testa war 25 Joer laang Chef de gare am Piemont an huet niewelaanscht gesongen ...


Den Gianmaria Testa, dat ass eng waarm Stëmm, si erënnert un de grousse Paolo Conté, dee sëtzt hannert dem Piano, dem Testa sinn e puer Gittaresäiten duergaangen als Begleedung, wann e séngt, nodenkt a philosophéiert iwwer dat, wat d'Liewen ausmécht ... also d'Sich no Gléck, jiddereen ass dobäi op seng Manéier ënnerwee - an alles dat ass, ee Joer no sengem Doud am Alter vun nëmme 57 Joer, elo mat engem 7-CD-Coffret z'iwwerpréiwen ... seng lescht Studioalbumen, gebëndelt fir en Apel an e Stéck Brout op de Maart bruecht, mol keng 28 Euro kaschte se ... a wien no méi glëscht, ka sech och nach seng dräi lescht Concerten an där anerer CD-Box zouleeën, déi erauskoum.


Poesie ouni Konzessiounen


Wëll ech elo schonn d'Epiciersrechnung an der Kopp hunn - Dir hutt matgerechent, dat si mol keng véier Euro den Album - hei d'Astellung vum Testa zum Thema: "Well ech op der Bunn geschafft hunn, war ech fräi ... ech hat eng Pai um Enn vum Mount a konnt hoergenee dat sangen, wat ech wollt, ech hu keng eng Konzessioun misse maache, well ech net op der Verkaf vu menger Musek ugewise war. Et ass absurd, fir seng Lidder a Geld ëmzerechnen, fir mech ergëtt dat kee Sënn". Wien dem Gianmaria Testa seng musikalesch Miniaturen aus dem Alldag wëll genéissen, gëtt mat der Kollektioun "En Studio" allerbeschtens bedéngt. Wat bal näischt kascht, ass ganz vill an dësem Fall. Ëmsou méi wou d'Textbichelchen - d'Textbuch - net manner wéi 152 Säiten huet an an e puer Sprooche gehalen ass. Dem Gianmaria Testa awer soen ech zum Schluss 'scusi', datt ech esou op d'Präisargument vun dëser Kollektioun insistéieren ... mä seele war Poesie, déi ënnert d'Haut geet esou accessibel, wéi an dësem Fall! Do gëtt d'Zougräife liicht gemaach ...


En däischtert Schëff


Um Album "Da Questa Parte Del Mare" (Op dëser Säit vum Mier, 2006) geet et thematesch ëm de Sujet Migratioun, deem seng vill Facette vum Museker beliicht ginn: d'Entscheedung ze goen, den Äddi doheem, den ongewësse Wee bis un d'Küst, d'Boot fir iwwerzesetzen mat all senge Geforen, d'Entwuerzelung, .....


Op dësem Wierk ass ë.a. den Titel "Una Barca Scura" (En däischtert Schëff) ze fannen. Ier den Gianmaria Testa dëst Lidd viru Publikum gesongen huet, huet hien ëmmer e puer Zeilen aus "Naufrages" vu sengem Landsmann Erri De Luca virgedroen, aus deem sengem Recueil "Solo Andata" (Aller simple). An der franséischer Iwwersetzung waren et dës Wierder:


Dans le canaux d'Otrante et de Sicile

Des migrateurs sans ailes, paysans d'Afrique et d'Orient

Se noient dans le creux des vagues.

Un voyage sur dix s'accroche au fond.

Le paquet de semences se répand dans le sillon

creusé par l'ancre et pas par l'araire.

La terre ferme de l'Italie est une terre fermée.

Nous les laissons se noyer pour nier.




Hei den Originaltext vun "Una Barca Scura" (Text a Musek: Gianmaria Testa):


in fondo al mare

canta una sirena

tutta la notte canta

e canta piano

per chi la vuol sentir

si sente appena

in fondo al mare

canta una sirena

e in mezzo al mare va

una barca scura

che ha perso il vento

perso alla sua vela

e chi la sta a aspettar

l'aspetta ancora

in mezzo al mare va

una barca scura

e in fondo al mare

in fondo al mar profondo

ci lascio il canto mio

che non consola

per chi è partito

e si è perduto al mondo

in fondo al mare

in fondo al mar profondo


An eng franséisch Iwwersetzung vum Text:


au fond de la mer

chante une sirène

toute la nuit elle chante

elle chante doucement

pour qui veut l’entendre

on entend à peine

au fond de la mer

chante une sirène

et au milieu de la mer va

une barque noire

qui a perdu le vent

perdu sa voile

et qui l’attend

l’attend encore

au milieu de la mer va

une barque noire

et au fond de la mer

au fond de la mer profonde

je laisse mon chant

qui ne console pas

celui qui es parti

et a disparu du monde

au fond de la mer

au fond de la mer profonde


Gianmaria Testa: En Studio, eng 7-CD-Box mat den Albumen Montgolfieres (1995); Extra-Muros (1996); Lampo (1999); Il Valzer di in Giorno (2000); Altre Latitudini (2003); Da Questa Parte del Mare (2006); Vitamia (2011). Label: Le Chant Du Monde (Harmonia Mundi), 5742650.56





Episoden

Bon Iver - SABLE, fABLE

6 laang Joer hunn sech d’Fans vum amerikaneschen Indiemuseker Bon Iver missen op en neien Disk gedëllegen, mee mat “SABLE, fABLE” mellt sech Bon Iver elo zeréck.
headphones

8 min

play_arrow

Marlon Williams - Te Whare Tīwekaweka

Nodeems hien seng Karriär fir d’éischt op Englesch ugefaangen hat, gouf et fir den neiséilännesche Museker ëmmer méi evident, dass hie wéilt a senger Mammesprooch Maori sangen.
headphones

8 min

play_arrow

Japanese Breakfast - For Melancholy Brunettes (& Sad Women)

Japanese Breakfast mellen sech mat hirem véierten Album “For Melancholy Brunettes (& Sad Women) zeréck. Een eklekteschen Disk op deem d’Melancholie als séissen Zockergoss opgedroe gëtt.
headphones

9 min

play_arrow

Courting - Lust for Life, Or: 'How to Thread the Needle and Come Out the Other Side to Tell the Story'

Eng perfekt gebitzte Spaass-Plack
headphones

9 min

play_arrow

Lady Gaga - Mayhem

D'"Mama Monster" geet erëm zeréck an hir Vergaangenheet a bei hir Pop-Wuerzelen, ouni awer eng reng Kopie vun hirem fréiere Personnage ze sinn. En Album, deen an de Medie vill beschwat a gefeiert gëtt, an dat zu Recht.
headphones

11 min

play_arrow

Divorce - Drive to Goldenhammer

E groussaartegen Debutalbum vun dëser brittescher Band, déi Indie Rock mat Folk, Country an experimentellen Aflëss verbënnt.
headphones

9 min

play_arrow

Saya Gray - SAYA

Op hirem zweeten Album “Saya” liwwert déi japanesch-kanadesch Musekerin Saya Gray Art-Pop an d’Péng vun engem gebrachenen Häerz.
headphones

10 min

play_arrow

Tocotronic - Golden Years

Op hirem 14. Album vermëttelen déi däitsch Indie-Rock-Legenden Trouscht an Hoffnung an düsteren Zäiten.
headphones

8 min

play_arrow

Mereba - The Breeze Grew a Fire

Wann Nostalgie op eemol Loscht op d’Zukunft mécht.
headphones

8 min

play_arrow

Sharon Van Etten and The Attachment Theory

No zwee Joerzéngten als Solo-Kënschtlerin presentéiert sech d‘Sharon Van Etten op hirem neien Album "Sharon Van Etten & The Attachment Theory“ mat Band.
headphones

10 min

play_arrow
Eddie Chacon - Lay Low

Eddie Chacon - Lay Low

Mat sengem drëtte Soloalbum “Lay Low” presentéiert den amerikanesche Museker Eddie Chacon e ganz minimalistesche Soul Disk iwwer de Verloscht an d’Hoffnung.
headphones

9 min

play_arrow

FKA Twigs – EUSEXUA

Mat richtegem Numm Tahliah Debrett Barnett, mellt sech déi brittesch Kënschtlerin no enger fënnef Joer Paus zeréck. An dat mat engem Club-Record, an dem d'Grenze vun elektronescher Musek aus getest an och gesprengt ginn.
headphones

13 min

play_arrow

The Weather Station - Humanhood

Eng Rees duerch watteg Klanglandschaften an deene Baussen- a Bannewelten matenee verschmëlzen
headphones

8 min

play_arrow

Franz Ferdinand - The Human Fear

D'Band ronderëm den Alex Kapranos bitt hei nees de gewinnten Humor a flott Refrainen.
headphones

7 min

play_arrow

MJ Lenderman - Manning Fireworks

Op “Manning Fireworks” presentéiert den MJ Lenderman Indierock mat Country-Afloss an absurde Lyrics tëschent Witz an Trauregkeet. Een Highlight vun 2024
headphones

8 min

play_arrow
White Denim - 12

White Denim - 12

Ee groussaartege Flickenteppech
headphones

11 min

play_arrow
Autumn Sweater - Adult Life

Autumn Sweater - Adult Life

Op “Adult Life” presentéiert déi Lëtzebuerger Formatioun Autumn Sweater poppegen Indierock iwwer d’ErwuessesinN.
headphones

8 min

play_arrow
Homer - Ensatina

Homer - Ensatina

Als Batteur huet den Homer Steinweiss de Retro Soul-Sound vun Adele an Charles Bradley mat gepräägt. Op sengem Debutalbum "Ensatina“ weist hie sech vu senger ganz perséinlecher Säit.
headphones

5 min

play_arrow
Jackie Moontan - The Dark Side Of The Tanning Bed

Jackie Moontan - The Dark Side Of The Tanning Bed

Gittaren, déi huerelen, smoothe Crooning, batterséiss Pianosballaden an eng gutt Portioun Soul a Funk. Esou presentéiert sech de Lëtzebuerger Kënschtler Jackie Moontan op sengem Debutalbum.
headphones

7 min

play_arrow
Primal Scream - Come Ahead

Primal Scream - Come Ahead

D'Band bréngt no enger Paus vun aacht Joer en neien Album eraus, an dës Kéier si mir am Funk ënnerwee!
headphones

12 min

play_arrow