Kultur
Abschied des Hofbibliothekars
8 min
Wat ass den Ënnerscheed zwëschen engem Bibliothecaire an engem Bibliothecaire um Haff? De Gast Mannes huet doriwwer e Buch geschriwwen. An dat am Literaturarchiv zu Miersch presentéiert. "Der Abschied des Hofbibliothekars" ass eng Kulturgeschicht vum spezifesche Beruff vum Haffbibliothécaire - eng Aarbecht, di de Gast Mannes selwer iwwer 10 Joer laang um Schlass Bierg gemaach huet.
Am Gespréich mam Claude D. Conter a mat Extraite gelies vum Steve Karier gouf d'Buch "Der Abschied des Hofbibliothekars" am Nationale Literaturarchiv viru gutt gefëlltem Sall virgestallt. D'Nathalie Bender war dobäi.