arrow_back_ios
Aktuelles
De CLAE presentéiert een neie "Guide pour la vie associative"
headphones
4 min
Lauschteren
play_arrow
De CLAE Asbl. (Comité de Liaison des Associations d'Etrangers) huet de Moien, an Zesummenaarbecht mat der Oeuvre Nationale de Secours Grand-Duchesse Charlotte, en neie "Guide pour la vie associative" presentéiert. Heiranner si wichteg Informatioune regruppéiert, fir zu Lëtzebuerg associativ Projeten op d'Been ze stellen.