arrow_back_ios
Kultur
The Hobbit
Beim Numm J. R. R. Tolkien denkt bal jiddereen un "The Lord of the Rings", e Roman, grad wéi d’Verfilmungen, déi e risege Succès haten. Virum "Lord of the Rings" hat den Tolkien awer scho säi Fantaisie-Roman "The Hobbit" erausbruecht. An dëst Wierk bréngt den New World Theatre Club vun e Samschdeg (25.3.17) un op d’Bühn. A déi jonk Actricen an Acteure verspriechen en Owend mat vill Fantasie a Dreemereien. Detailer mam Jean Claude Majerus.