arrow_back_ios
Kultur
Zaltimbanq: keng Déieren, vill Fans a nei Kollegen a Kolleginnen
headphones
5 min
Lauschteren
play_arrow
Nodeems d'lescht Joer déi traditionell Semaine du Cirque sous Chapiteau duerch d'Aweiungsfeierlechkeete vum neien Zirkusschapp um Lampertsbierg ersat goufen, ass dëst Joer awer nees en Zelt hannert der Coque um Kierchbierg. A bannendran a ronderëm: eng Mass Variété-Spektakelen, interaktiv Zirkusshowen, an nach esou munnech aner geselleg Aktivitéiten, deels mat internationalem Flair. Am Partenariat mam Fonds d'Urbanisation et d'Aménagement du Kirchberg. Detailer vum Cléo Thoma.