Invité:e vum Dag
Laurent Zeimet (CSV) an Eugène Berger (DP)
Wéi erwaart, weist d’Oppositioun sech och dëst Joer net zefridden mam Premier senger Ried zur Lag vun der Natioun. Dobäi géif d’CSV déi gutt Wirtschaftszuelen “net a Fro stellen”, esou de Generalsekretär Laurent Zeimet am Face-à-Face mam DP-Fraktiounschef Eugène Berger. D’CSV hätt sech awer erwaart datt d’Regierung grad an enger gudder wirtschaftlecher Situatioun “strukturell Reformen” ugeet, z.B. eng Reform vun der Pensiounskeess. Den Eugène Berger fir säin Deel vermësst “eegen Propositioun” vun der Oppositioun, “wa gesot gëtt et géif e Problem bei de Pensiounen ginn.”