Kultur
Albert Uderzo: Ee vun de Pappe vum Asterix kritt 90 Joer
Zanter 50 Joer scho bréngen déi zwee couragéiert Gallier Asterix an Obelix Generatiounen vu Leit op der ganzer Welt vill Freed. D’Pappe vun de zwee Gallier sinn den René Goscinny an den Albert Uderzo. De Goscinny ass schonn 1977 gestuerwen, ma de Uderzo ass awer mam Astreix an Obelix weidergefuer, als Zeechner an och als Auteur. 2012 huet den Uderzo awer opgehalen, deels wéinst eng gewëssener Kritik um Text. Mä awer och wéinst der Gesondheet, duerch eng Arthrose kann den Albert Uderzo net méi anstänneg zeechnen. Haut op den Dag feiert den Albert Uderzo säin 90 Anniversiare