Invité:e vum Dag
Gilles Feith (CTIE)
Vrun zwee Méint war de Centre informatique vum Staat (CTIE) Affer vun enger DDoS-Attack ginn. Fiktiv Demanden haten eng Rei Serveren iwwerlaascht. Den informatesche System vum Staat war iwwert en Dag laang paralyséiert. Wat fir Konklusioune goufen draus gezunn? Wéi steet et ëm Cybersécherheet beim Staat a senge Verwaltungen? Doriwwer geet Rieds mam Direkter vum "Centre des technologies de l'information de l'État". Aner Theme sinn d'Digitaliséierung vun ëffentleche Servicer an Dateschutz. D'Mick Entringer féiert duerch d'Gespréich.