arrow_back_ios
Kultur
Placomusophilie, eng Passioun
Wësst der wat e Placomusophilen ass? Dat si Leit déi mat ganz vill Passioun Kapselen vun de Schampes, Crémants oder soss Vins Petillants-Stëpp sammelen. Am Centre Attert zu Batréng organiséiert d’ASBL Placomusolux moar de ganzen Dag iwwert eng international Tausch-Bourse wou sech d'Placomusophilen Rendezvous ginn. Eng eenzegaarteg Méiglechkeet dës Passioun emol kennen ze léieren.