Radioen

On air

Sot Emol  |  Dominique Santana: Konscht a Geschicht

play_arrow Live
arrow_back_ios

Metal Meltdown

100komma7.lu / Metal Meltdown

/ My Own Ghost & Firespawn

My Own Ghost & Firespawn

My Own Ghost

Et leeft den Ament exzellent fir d’Lëtzebuerger Rock Band My Own Ghost. Viru kuerzem hu si ugekënnegt, dass si mat Serious Black op Europa Tour ginn, am Mäerz ware se mam Tarja op Tour a si hunn ënnert anerem och well zwou Tournéeë mat de japanesche Metal Legende vu Loudness hannert sech a mat Secret Entertainment aus Finland hu si och e Label, deen hinnen hëlleft. Wéi dat alles mat hirem Beruffsliewen ze vereenbaren ass, wéi et iwwerhaapt ass, sou vill ënnerwee ze sinn oder wéi eng Plazen hinne bis elo besonnesch imponéiert hunn, huet d’Band mer am Interview erzielt, deen ech am Kontext vun hirem Concert mam Tarja an der Kufa virun engem Mount gemaach hunn.

Album vun der Woch: Firespawn - The Reprobate (9/10)

Haut an enger Woch bréngt Century Media nees e ganz besonnesche Juwel op de Maart. Den zweeten Album vun der Supergroup Firespawn kënnt eraus. Egal ob een déi Band scho kennt oder net, et héiert een direkt, dass et sech heibäi ëm pure schwedeschen Death Metal handelt. An dat ass bei Bandmembere vun Entombed, respektiv Entombed A.D., Dark Funeral, Aeon, Necrophobic oder Unleashed kee Wonner. Am markantste sinn dobäi wuel d’Vocals vun engem gewëssenen Här L.G. Petrov.

An dat wat d’Band op dësem Album The Reprobate fäerdeg bruecht huet, ass genee dat, wat eng Band mat Leit, déi schonn eng stolz Carrière hannert sech hunn, eigentlech fäerdeg brénge muss - nämlech déi selwecht Zort vu Musek ze schreiwen, fir déi hir Membere bekannt sinn an déi si selwer gäre maachen ouni dobäi net al, langweileg a repetitiv ze kléngen.



"Serpent Of The Ocean" mécht den Ufank vun "The Reprobate" mat engem täuschenden Intro, dee relativ séier an e séieren a wëlle Riff iwwer geet. Dobäi wiesselt d’Stéck gekonnt tëscht richteg brutalem a séieren Death Metal a bësse méi luesen a groovegen Deeler of. Mat "Full Of Hate" an "Damnatio Ad Bestias" huele Firespawn een duerch eng ganz Partie Blast Beats, woubäi dat zweet dat ass, wat méi catchy ass, a méi typesch Entombed Melodien an Atmosphär huet an engem mat engem fantastesche Solo d’Gehir ewech bléist. "Death By Impalement" ass genee sou brutal, wéi den Numm et suggeréiert, huet allerdéngs manner Blasts a manner séier Riffer an ass am allgemengen awer richteg grooveg. Genee sou geet et och mam hookegen "Generals Creed" a mat äusserst béisen "The Whitechapel Murder" virun. Bësse méi séier geet et dann nees mam shreddegen "A Patient Wolf", iert et da mam Titeltrack a mam Closer vum Album "Nightwalkers" nees eng Kéier richteg catchy a grooveg gëtt.

Am Allgemengen ass "The Reprobate" schonn en ustrengenden Album, awer op eng gutt Aart a Weis. Vill vun de Riffer sinn extrem grooveg an ustiechend, ouni awer sech ze vill am Death n Roll à la Entombed ze bewegen. Dobäi sinn d’Leads mäerderesch an d’Melodien awer subtil genuch, sou dass et kee Melodic Death Metal Album ginn ass. Dem Petrov seng Vocals sinn dobäi richteg rotzeg an awer kloer genuch, dass een all eenzelt Wuert verstoe kann.

Vill Innovatioun gëtt et zwar op dësem Album net, ma de klasseschen, pure schwedeschen Death Metal ass de perfekte Soundtrack fir ouni groussaarteg Uspréch drop lass ze headbangen.

Playlist

Vader - Final Massacre (The Ultimate Incantation; Metal Mind Productions; 1992)

God Dethroned - The World Ablaze (The World Ablaze; Metal Blade; 2017)

My Own Ghost - Life On Standby (Life On Standby; Secret Entertainment; 2017)

Life Of Agony - World Gone Mad (A Place Where There's No More Pain; Napalm; 2017)

Igorrr - ieuD (Savage Sinusoid; Metal Blade; 2017)

Cult of Luna - Owlwood (Years In A Day; Indie Recordings; 2017)

Firespawn - Death By Impalement (The Reprobate; Century Media; 2017)

Warbringer - Divinity Of Flesh (Woe To The Vanquished; Napalm; 2017)

Episoden