arrow_back_ios
Kultur
Eng Stad - ee Cliché?
Forbach ass nom Enn vun de Kueleminnen an der Lorraine eng Héichbuerg vum rietsextreme Front National ginn. Firwat et dozou komm ass, versicht de franséische Régisseur Régis Sauder am Dokumentarfilm "Retour à Forbach" z'erklären. D'Resultat ass ee subjektive Portrait vu senger Gebuertsstad. Den Ament herrscht an der Stad Wahlkampf, wéi d'Pia Oppel bei enger Visite fir dëse Reportage konnt feststellen.