arrow_back_ios
Kultur
Den Edward Steichen a seng Zäitgenossen
An der Villa Vauban verdäitlechen den Ament 44 Fotografien, di eelst vun 1898 di jéngst vun 1959, d’Entwécklung vum Edward Steichen vun engem kënschtlereschen zu engem kommerzielle Fotograf. D’Opname gehéieren zanter 1980 zum Fong vun der Stad Lëtzebuerg. D’Ausstellung “Time Space Continuum” bitt doriwwer eraus eng Géigeniwwerstellung vum Edward Steichen mat anere Kënschtler vu senger Zäit. D’Kerstin Thalau am Gespréich mat der Conservatrice vun der Villa Vauban, der Gabriele Grawe.