Invité:e vum Dag
Alex Bodry
Viru bal véier Joer huet de Jean-Claude Juncker wéinst der Geheimdéngscht-Affär demissionéiert – ee vun den Haaptvirwërf un den deemolege Premier war datt hien de Parquet net iwwert d’Problemer bei SREL informéiert hat. Elo gëtt et nees eng illegal Ecoute beim SREL: Fënnef vun de sechs Parteien an der Chamber ware fréizäiteg doriwwer informéiert – an trotzdem huet keen de Parquet informéiert. Firwat huet déi parlamentaresch Kontroll iwwer de Geheimdéngscht op en Neits net richteg fonctionnéiert? Dat froe mir den LSAP-Fraktiounschef Alex Bodry.