arrow_back_ios
Kultur
Mr. Sulu aus Star Trek retroaktiv homosexuell?
An de spéiden 1960er Joren en Lieutenant an der Televisiounsserie Star Trek deen sech ëffentlech als Homosexuellen out? Deemools eigentlech onméiglech. Haut awer duerchaus denkbar - an dat sollt och geschéien: de Personnage vum Steiermann vun der USS Entreprise, dee laang Zäit vum Georges Takei gespillt gouf, sollt elo retroaktiv homosexuell ginn. Den Takei, dee selwer homosexuell ass, wiert sech awer dogéint. Hie fënnt dass dat net zur initialer Iddi vun dem Personnage gehéiert.