Kultur
Esch 2022: Wéi geet et weider?
Et gëtt sécher spannend Enn dës Joers, wann Decisioun geholl gëtt, op Esch a weider aacht Südgemengen am Joer 2022 de Label als "Europäesch Kulturhaaptstad" kréien oder net? Op alle Fall schaffe si mat ganz vill Enthusiasmus a Engagement drun, fir de Projet 2022 an d'Realitéit ëmzesetzen. Et sinn nach iwwer véier Joer bis 2022. Am Hierscht muss eng weider Etapp gepackt ginn, nämlech muss den europäesch Jury eng positiv Decisioun en vue vun Esch 2022, Europäesch Kulturhaaptstad huelen. Den Direktiounsduo vun Esch 2022 Andreas Wagner a Janina Stroetgen schaffen den Ament um Konzept. De Jean Claude Majerus huet sech mat hinnen ënnerhalen.