arrow_back_ios
Kultur
De Serge Ecker an der Galerie Sofronis Arts am Gronn
Grenzen, Iwwergangsraim, Tëscheberäicher: dat sinn dem Kënschtler Serge Ecker seng Sujeten, déi hien an Installatiounen, Skulpturen, Fotografien thematiséiert. Am Kader vun der documenta weist e Kulturzentrum zu Athen en Neon vum Serge Ecker, seng Aarbechten sinn awer och hei op der Ausstellung "Eigenheim" an der Galerie Krome um Belair ze gesinn an an der Galerie Sofronis Arts am Gronn. D'Kerstin Thalau hat de Serge Ecker do beim Montage besicht.