arrow_back_ios
Blue Note
100 Joer Ella
De 25. Abrëll 1917, also viru bal 100 Joer, ass d'Ella Jane Fitzgerald zu Newport News am US-Staat Virginia op d'Welt komm. Mat 16 Joer hat si hiren éischten offiziellen Optrëtt als Sängerin bei engem Concours zu Harlem, dee si du gewonnen huet. Dat war de Start vun enger laanger Carrière, an där si sech als gréissten a beléiftsten Jazzsängerin etabléiert huet. E Portrait vun der "First Lady of Song", wéi d'Ella Fitzgerald genannt gouf, presentéiert vum Jitz Jeitz.