Kultur
The School of Life Berlin
Mathe, Englesch, Bio: an der Schoul an op der Uni léiere mir Fächer. Mä wou léiere mir d'Fähegkeeten, déi ee brauch, fir duerch d'Liewen u sech ze navigéieren? Wie bréngt eis bäi, wéi mer mat enger onglécklecher Léift sollen ëmgoen, oder wéi mir dee richtege Job fannen? D'School of Life, 2008 gegrënnt vum Philosoph Alain de Botton, setzt sech d'Zil, dës Fähegkeeten z'enseignéieren. D'100,7 Berlin-Korrespondentin Sarah Pepin huet sech mat der Directrice vun der Schoul, der Dörte Dennemann ënnerhalen.