arrow_back_ios
Kultur
De Serge Ecker als "clandestin" op der documenta 14 zu Athen
Den 8. Abrëll geet d'documenta 14, also déi 14. Editioun vun enger vun de weltwäit wichtegsten Ausstellunge fir zäitgenëssesch Konscht, op. Am Abrëll? Net am Juni? Dach: d'documenta zu Kassel fänkt am Juni un, mee déi Kéier wäert se vum Abrëll un e Pendant zu Athen hunn, well se mat "learning from Athens" iwwerschriwwen ass. Mat dobäi de Lëtzebuerger Kënschtler Serge Ecker. Eventuell. D'100,7 Griicheland-Korrespondentin Alkyone Karamanolis huet de Serge Ecker bei senge Preparatioune begéint.