Kultur
Die Kunst der Pause
Kënnt Dir Iech nach un d'Fusche mam Schmierepabeier erënneren? Abee de Wallraf-Richartz-Musée zu Köln proposéiert eng Ausstellung iwwert d'Fuschen. Wat haut Copy-Paste heescht, huet ee fréier ebe Fusche genannt. Gebraucht huet een däers transparente Back- oder Schmierepabeier, an dee Pabeier huet een an den analoge 70er an 80er Joren op e Motiv, zum Beispill e Plackecover geluecht, an et huet een d'Bild esou ofgemoolt. E Smartphone gouf et nach net, e Fotoapparat haten déi mannst a Fotokopië waren ze deier, an d'Handaarbecht huet just e bëssen Zäit kascht. Detailer vum Jean Claude Majerus.