Kultur
Die Nacht der 1000 Stunden: Interview mam Cineast Virgil Widrich
Déi Lëtzebuerger Amour Fou Produktioun "Die Nacht der 1000 Stunden" handelt vun engem jonke Mann, deen een net alldeegleche Problem huet: eng Onmass Familljememberen, déi eigentlech scho laang verstuerwe sinn, dauchen nees op. Dat bitt d'Geleeënheet, fir d'Ëmstänn vun engem Stierffall an der Famill opzeklären. Mä 't ass komplizéiert, well och nees Operstanener verfollegen hir eegen Interessen, a soen net onbedéngt d'Wourecht. Den éisträichesche Cineast Virgil Widrich iwwert Spillereie mat Raum an Zäit, an d'Tatsaach, datt ee sech onweigerlech mam Faschismus muss ausernee setzen, wann een an d'Vergaangenheet kuckt an engem Gespréich mam Cléo Thoma.