Kultur
Olga a Pablo Picasso: Eng Haassléift
De Joerhonnert-Moler Picasso an d'Fraen ass eng Geschicht tëscht déiwen Emotiounen an Haassléift. Mä et gëtt awer eng Fra, déi de Pablo Picasso méi wéi all aner Frae gemoolt huet, d'Primaballerina Olga Stepanowna Chochlowa, seng éischt Fra. Et war Faszinatioun, Léift an Haass, déi dem Picasso seng Biller mam Olga charakteriséiert hunn. Bis hien déi 17 Joer jonk Marie-Thérèse Walter kennegeléiert huet an hiert Bestietnes zu engem jorelaangen Drama gouf. D'Olga an de Picasso ass den Ament de Sujet vun enger grousser Ausstellung am Musée Picasso zu Paräis. Detailer vum Jean Claude Majerus.