arrow_back_ios
Kultur
En enorme Charisma, a gären nach eng Couche dropgeluegt
Den 22. Abrëll 2017 feiert den amerikanesche Schauspiller Jack Nicholson e ronne Gebuertsdag. D'Cinémathéik, déi scho säi 70. mat enger ausschwäifender Retrospektiv begaangen hat, beschränkt sech duerfir dëse Mount op eng Selektioun vu Filmer, an deenen hien ze gesinn ass. Si weisen awer seng ënnerschiddlech Facetten. D'Cléo Thoma informéiert.