Kultur
Den Tony Cragg am Mudam
Monumental, statesch, lues: wann Iech dës Adjektiver am Zesummenhang mat skulpturale Konschtwierker afalen, waart Dir nach keng Ausstellung vum Tony Cragg kucken. De gebiertege Liverpooler hat sech no der Première 1968 fir e Molereistudium decidéiert, mä séier seng Faszinatioun fir d'Skulptur entdeckt. Zanterhier huet de Cragg op zwou documentaen zu Kassel ausgestallt an op de grousse Konschtbiennalë vu Venedeg, Sao Paulo a Sydney. Elo presentéiert de Mudam eng Selektioun vu sengem dynamesche Wierk. D'Kerstin Thalau huet den Tony Cragg bei engem Passage am Pei-Musée kennegeléiert.