Radioen

On air

Concert  |  La harpe fantastique

play_arrow Live
arrow_back_ios

Metal Meltdown

100komma7.lu / Metal Meltdown

/ Metalfestival Koplescht & Cut Up

Metalfestival Koplescht & Cut Up

Metalfestival Koplescht

Den nächste Weekend, fir genee ze sinn, den 1. Abrëll, ass et esouwäit, den Traditiounsmetalfestival an den eenzege Metalfestival zu Lëtzebuerg, ob deem just lokal Bands spillen, geet a seng 10. Ronn: de Metalfestival zu Koplescht, deen all Joers am Fréijoer am Centre Culturel zu Koplescht ass. Iwwert d’Geschicht vum Festival, d’Bands, déi dëst Joer do spillen an de ronne Gebuertsdag schwätzen ech mam Haaptorganisateur vum Festival, Jeff Buchette.

Release vun der Woch: Cut Up - Wherever They May Rot

A mir bleiwe bëssen beim Death Metal, am Review ass nämlech haut den neien Album vu Cut Up. Wherever They May Rot nennt en sech an e koum haut bei Metal Blade eraus. Cut Up si Schweden a bestinn zum Deel aus 2 fréiere Membere vun der bësse méi bekannter Band Vomitory, déi sech 2013 opgeléist hunn.

Op hirem 2. Album erfannen d’Schweden d’Rad vum Death Metal definitiv net nei, wat awer net onbedéngt negativ ass, je nodeems wat ee fir Erwaardungen huet. Et ass awer vun Ufank u kloer, dass Wherever They May Rot e Lueflidd un d’HM-2 Pedall vu Boss ass, déi déi fréier schwedesch Bands an den 90er berühmt gemaach hunn. D’Gittare liwweren Tremolo-Riffer, déi engem mat de stampfenden a fetten Drums kombinéiert d’Trommelfeller wechblosen a esouguer schonn a Richtung Grind tendéieren. Déi 2 Sänger Erik Rundqvist an Andreas Björnson liwwere esouwuel mid-range an déif Growls, wéi och méi hell Screams, sou dass den Album dann awer de klassesche Death Metal Touch ginn.



Sou geet et déi éischt puer Stécker ouni Paus virun. Interessant gëtt den Album - an do erënnert d’Band mech bëssen un Aborted aus der Belsch - wa se bësse méi lues trëppelen, z. B. am Titeltrack oder am Stéck Vermin Funeral, déi duerch hire mid-tempo Groove Charakter kritt. Aneren Highlight ass de song In the Aftermath, wat bei wäitem déi meeschten Ofwiesslung an Dynamik ze bidden huet. Och wann et Schweden, an Ex-Membere vu Vomitory sinn, esou ass d’Produktioun dach bëssen eng aner, wéi déi, déi ee vun de fréieren 90er Bands gewinnt ass. Cut Up hu sech nämlech fir e méi modernen a méi haarden Death Metal Sound entscheed.

Alles an allem kann ee soen, dass Wherever They May Rot en zollitten Album ass, Innovatioun gëtt et hei awer häerzlech wéineg.

Playlist

Grave Digger - Circle Of Witches (Heart Of Darkness; GUN Records; 1995)

Obscura - Perpetual Infinity (Akróasis; Relapse; 2016)

Desdemonia - Lay Down Your Crown (Existence; Independant; 2010)

Carach Angren - Song For The Dead (Dance And Laugh Amongst The Rotten; Season Of Mist; 2017)

Assorted Nails - Black Rattlesnake (Zoophisticated; Independant; 2016)

Obituary - Ten Thousand Ways To Die (Obituary; Relapse; 2017)

Cut Up - Wherever They May Rot (Wherever They May Rot; Metal Blade; 2017)

Kobra and the Lotus - You Don’t Know (Prevail I; Napalm; 2017)

Gojira - Pray (Magma; Roadrunner; 2016)

Abstract Rapture - From Dust To Nowhere (Democadencia; Independant; 2008)

Episoden