arrow_back_ios
Aktuelles
D'Agence luxembourgeoise antidopage huet de Bilan 2016 gezunn
Am Groussen a Ganzen ass d'Agence luxembourgeoise antidopage zefridde mam Bilan vum leschte Joer. 202 Urinprouwe goufe geholl, zwee Athlete goufe positiv getest. Allerdéngs feelt et der ALAD um néidege Personal, fir méi am präventive Beräich ze schaffen a fir gläichzäiteg och Anti-Doping-Kontrollen ze maachen. De Guy Colas, President vun der "Agence luxembourgeoise antidopage" mat Explikatiounen um Mikro vum Gilles Wunsch.