arrow_back_ios
Kultur
Weltliteratur vu Lëtzebuerg?
Lëtzebuerger Literatur gëtt am Verglach mat sougenannter Weltliteratur nach ëmmer net als gläichwäerteg empfonnt. Ass dat wierklech esou? Dat hänkt dovun of, wéi ee Weltliteratur definéiert. Op der Uni um Site Belval geet am Moment an enger Ringvirliesung Rieds iwwer dat grousst Thema Weltliteratur, a rezent huet d'Prof. Dr. Jeanne Glesener eben d'Fro opgeworf: Lëtzebuerger Literatur an/als Weltliteratur? En intressanten Diskurs, dee wichteg fir déi Lëtzebuerger Literatur ass. D’Nathalie Bender war virwëtzeg drop.