Kultur
Ouverture vum "The Walled Off Hotel" zu Bethlehem
Den amerikanesche Filmproduzent Walt Disney an de britesche Streetartist Banksy wiere bestëmmt ni Kollege ginn. Den Disney huet säin Disneyland verwierklecht, fir Grouss a Kleng eng Dramwelt ze verkafen, fir hinnen eng Paus vun der Wierklechkeet z'erméiglechen. De Banksy fir säin Deel positionéiert sech, zanter sengen Ufäng als heemleche Sprayer, géint d'Ewegkucke bei Mëssstänn. Am Summer 2015 hat hien d'Dismaland, en düstert, erdréckend Antidisneyland ageweit. Elo setzt de Banksy nach een drop. Explikatioune Kerstin Thalau.