arrow_back_ios
Kultur
Ryuji Taira an der Galerie Clairefontaine
"Vague an interessant Ongenauegkeet" - esou beschreift den Ryuji Taira de fotografesche Prozess. Hannert dëser enigmatescher Formulatioun verstoppt sech ee passionéierte japanesche Kënschtler, dee mat alen Techniken a recherchéierte Materialie schafft. Seng delikat a poetesch Wierker si bis de 15. Abrëll an der Galerie Clairefontaine an der Stad ze gesinn. Den Jamie Reinert huet sech mam Ryuji Taira ënnerhalen.