Kultur
D'Berliner Charité: en Alldag tëscht Liewen an Doud
D'Berliner Charité war am 19. Joerhonnert e Weltzentrum vun der Medezin. Den éischte Literaturnobelpräis fir Medezin Emile von Behring huet an dësem Spidol geschafft, oder Medeziner wéi Rudolf von Virchow, Paul Ehrlich a Robert Koch. Den däitsche Realisateur Sönke Wortmann huet d'Geschicht, déi wéi kaum eng aner, d'medezinesch Entwécklung markéiert huet, excellent a sechs Deeler fir d'ARD verfilmt. De Jay Schiltz huet sech mam Jean Claude Majerus ënnerhalen a wollt als éischt kloer stellen, datt de Sönke Wortmann e Cineast ass, dee schonn esou muench historesch Filmer realiséiert huet, eng Approche, déi dem Wortmann läit.