arrow_back_ios
Kultur
Au son de la lune: wéi eng Klangfaarf huet de Mound?
Reesen, traditionell asiatesch Konschttechniken, Geriichtszeechnungen, d’Relatiounen tëscht bildender Konscht a Musek, d'Natur, Päerd: dat sinn dem Moler, Graveur a Sculpteur Pit Wagner seng Sujeten. A senger grousser Eenzelausstellung "Au son de la lune", déi bis den 2. Abrëll an der Galerie vun der Maison de la culture zu Dikrech gewise gëtt, sinn all dës Theme present. D'Kerstin Thalau ass vum Pit Wagner duerch d'Expo guidéiert ginn.