arrow_back_ios
Kultur
"Orangery" am Kinneksbond zu Mamer
Zejoert war Wroclaw Europäesch Kulturhaaptstad. An deem Kontext sinn d'Glaskënschtler Anne Claude Jeitz an Alain Calliste a Polen invitéiert ginn, fir zesumme mat Studente vun der Glasakademie vu Wroclaw eng gliese Skulptur ze kreéieren. An dräi Méint ass d'Installatioun "Orangery" entstanen, déi bis de 25. Mäerz inclus am Mamer Kinneksbond ausgestallt gëtt. D'Kerstin Thalau war kucken.