Kultur
John Updike: Exellenten Observateur a virtuosen Auteur
5 min
Den amerikanesche Schrëftsteller John Updike huet iwwer 20 bedeitend Romaner geschriwwen, nieft enger Abberzuel Kuerzgeschichten, Essaien a Gedichter. Dernieft huet de John Updike praktesch all wichteg amerikanesch Literaturpräisser gewonnen, dorënner zwee Mol de Pulitzer-Präis. An hie war och jorelaang ee vun de Favoritte fir de Literatur-Nobelpräis, huet en awer ni kritt. De John Updike ass den 29. Januar 2009 am Alter vu 76 Joer u Longekriibs gestuerwen, an en ass haut virun 85 Joer gebuer. E Portrait vum Jean Claude Majerus.