Radioen

On air

Concert  |  La harpe fantastique

play_arrow Live
arrow_back_ios

Metal Meltdown

100komma7.lu / Metal Meltdown

/ An Apple A Day & Fit For An Autopsy

An Apple A Day & Fit For An Autopsy

headphones

60 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

An Apple A Day

Virun enger Rei Jore waren An Apple A Day zimlech gutt ënnerwee. Nodeems si sech 2009 gegrënnt haten, koum 2012 hir éischt EP "The Fall Of Thera" eraus, si haten de Lëtzebuerger Metal Battle gewonn an hunn deemno um Wacken gespillt. Ma duerno ass et iergendwéi roueg ginn.. Firwat een op eemol näischt méi vun hinnen héieren huet, firwat si lo puer nei Bandmemberen hunn, a wat ee lo konkret vun der Band a vun hirer Split-EP Release de 24. Mäerz 2017 erwaarde kann, héiert der am Interview mam Sänger Ken a mam Bassist Eric.

Release vun der Woch: Fit For An Autopsy - The Great Collapse (8/10)

Am Review vun der Woch komme mir bei eng Band, déi bei SPV ënner Vertrag ass, nämlech Fit For An Autopsy. Hiren neien Album "The Great Collapse" ass de 17. Mäerz 2017 erauskomm an et as genee wéi bei all anerem Fit For An Autopsy Album bis well: En ass extrem gutt gemaach.

Et ass en Album, dee seng Message duerch d’reng Kraaft vun der 40 Minutte laanger Attack op d’Trommelfeller zum Ausdrock bréngt an engem d’Bild vun der aktueller Welt presentéiert. Vum Titel "Heads Will Hang", deen de Krich an déi westlech Welt bréngt, iwwert dat schmäerzhaft "Black Mammoth", wat Ëmweltproblemer thematiséiert bis hin zu "Iron Moon", wat sech géint d’Iddi stellt, dass mir all liewe fir ze schaffen, amplaz ëmgedréint, dësen Album léisst an engem Emotiounen opkommen, déi nawell zimlech depriméierend sinn an ee gläichzäiteg fatzeg rose mat der Welt maachen; an dat op eng ganz gekonnt Aart a Weis.



Am ganze sinn 9 Stécker um Album a keent dovunner ass derwäert iwwersprongen ze ginn. Héichpunkt ass awer definitiv "Black Mammoth", an deem Fit For An Autopsy hir Meenung zu der Standing Rock / Dakota Pipeline an den USA erklären.

Et ass natierlech net nëmmen de Message vum Album, deen engem ënnert d’Haut geet. Déi ganz Roserei huet d’Band wonnerbar mat hirer Musek ëmmantelt, wann een dat Wuert esou ka soen.. D’Gittariste rennen d’Grëffbriet erop a erof, d’Drums si fulminant gespillt an de gesamte Mix rappt ee mat. An am Verglach mat de Virgänger ass dësen Album esouguer nach e Krack méi heavy.

"The Great Collapse" ass en extrem gudden Album, deen nach no Jore wäert kënne gelauschtert ginn ouni langweileg an ofgelutscht ze wierken, a virun allem ass et en Album, deen och Leit kënne gutt fannen, déi sou wéi ech keen extrem grousse Frënd vun deathcore sinn..

Playlist

Opeth - Face of Melinda (Still Life; Peaceville Records; 1999)

Trial - Motherless (Motherless; Metal Blade; 2017)

An Apple A Day - Wastelands (Faceless; Independant; 2017)

Exposer - 0.5 Save Me (Faceless; Independant; 2017)

Warbringer - Remain Violent (Woe To The Vanquished; Napalm; 2017)

Harlott - The Penitent (Extinction; Metal Blade; 2017)

Fit For A Autopsy - Black Mammoth (The Great Collapse; SPV; 2017)

Nightrage - Bemoan (The Venomous; Despotz; 2017)

Der Weg Einer Freiheit - Einkehr (Stellar; Season Of Mist; 2015)

Episoden