arrow_back_ios
Kultur
Prix Laurence: Literatur vu jonke Mënschen
Jonk Leit liesen a schreiwen net gär, intresséieren sech fir näischt an hu keng Fantasie oder Meenung. Prejugéen déi an de Käpp vu ville Leit schwiewen, mä net onbedéngt d’Wouerecht. An dat weist de Literaturconcours “Prix Laurence” am Kader vum Festival “LiteraTour” zu Beetebuerg. Et ass ewell déi 3 Editioun vum Prix Laurence, wou jonk Mënschen Texter era kënne ginn, an dat nach bis den 31 Mäerz.