Kultur
Wëssenschaft als déi nei a besser Relioun?
8 min
Zënter Joerhonnerte geet et biergof mat der Relioun an de westleche Gesellschaften. Et ass virun allem den net-gebrachene Succès vun de Wëssenschaften, déi de chrëschtleche Glawen an eng institutionell Kris gestierzt huet. Kann een d'Wëssenschaft als Ersatz fir d'Relioun ugesinn? Iwwerhëlt si dëser Deeg vital Funktiounen, déi fréier vu Reliounen assuméiert goufen an ouni déi eng Gesellschaft net auskënnt? Dëse Froen ass eng literaresch Anthologie nogaangen, déi sech de Samuel Hamen méi genee ugekuckt huet.