arrow_back_ios
Kultur
Printemps des poètes Luxembourg
headphones
5 min
Lauschteren
play_arrow
Fréijoer souwäit ee ka kucken: net nëmmen meteorologesch, mä och poetesch. Ausbléck op de Printemps des Poètes Luxembourg, deen 2017 säin 10. Anniversaire zu Lëtzebuerg feiert, vum 31. Mäerz bis den 2. Abrëll, op véier verschiddene Plazen. www.prinpolux.lu heescht de Site, op deem ee vill Informatiounen iwwer déi poetesch Aktivitéit zu Lëtzebuerg fënnt - ënnert anerem d'Nimm vun den invitéierten Auteuren wéi d'Detailer zur Programmatioun an iwwer de "Concours jeune printemps". Den Iwwerbléck mam Nathalie Bender.