Invité:e vum Dag
Oumar Sow
Am Joer 2015 huet sech d'UNO 17 Ziler ginn, fir déi nohalteg Entwécklung bis d'Joer 2030. Dozou zielen d'Enn vun der Aarmut, d'Enn vum Honger, Wuelbefanne fir all, proppert Waasser, eng héichwäerteg Educatioun, Fridden, Gerechtegkeet, staark Institutiounen ... Wat bréngen esou héichgegraffen Ziler? Dorëms geet et mam Oumar Sow. Hien ass Jurist am Senegal a schafft fir UIAPR (d'Union interprofessionnelle des agro-pasteurs de Rao), eng Organisatioun, déi am Partenariat schafft mat der Lëtzebuerger ONG Frères des hommes. Den Oumar Sow war Vertrieder vun der Zivilgesellschaft vum Senegal, fir d'Ausschaffe vun den internationalen Objektiver fir eng nohalteg Entwécklung. D'Mick Entringer féiert duerch d'Gespréich.