Blue Note
Philip Catherine, Nicolas Kummert an Thomas Dewez
Eng Première virum Mikro vum Pit a vum Pol: den Jazz-Oboist Thomas Dewez zielt iwwert säi Projet, léisst Iech a seng musikalesch Welt andauchen a gëtt eng Impressioun vun engem ganz speziellen interdisziplinäre Concert mat Quintett, Dänzerin a Projektioun. Desweideren gëtt zréckgekuckt op en Double Bill Concert vun der belscher Jazz-Legend Philip Catherine an dem Saxofonist Nicolas Kummert, dee säi leschten Album "La Diversité" mat illustere Gäscht proposéiert huet. Nieft vill gudder Musek héiert Dir Temoignagë vun de Museker selwer, ënnert anerem de bekannte Batteur Jeff Ballard. Zu Wuert kommen och d'Organisatrice Danielle Igniti an Auditeuren.